Home > Aktuell > 16.10.2023 – Fachveranstaltung: Wärmepumpen im Altbau

16.10.2023 – Fachveranstaltung: Wärmepumpen im Altbau

Déi 3 lëtzebuerger Naturparken, zesummen mat der d’Chambre des Métiers, der Klima-Agence an dem Ministère fir Energie a Landesplanung invitéieren Iech ganz häerzlech op eng Formatioun zum Thema: „Wärmepompelen a Bestandsgebéier”

Wéini:

Méinden, den 16. Oktober 2023 vun 15:00 bis 17:30 Auer
Centre culturel: 20, rue de Binsfeld, L-9912 Troisvierges

Mëttwoch, den 18. Oktober 2023 vun 15:00 bis 17:30 Auer
Haus vum Natur- & Geopark Mëllerdall: 8, rue de l’Auberge, L-6315 Beaufort

Sprooch:
Lëtzebuergesch/Däitsch

Méi Informatiounen zum Programm vun dëser Veranstaltung fannt Dir an der Aluedung an der Annexe. Umellen kënnt Dir Iech bis spéitstens den 13.10. ënnert dësem Link (d’Platzen sinn limitéiert): www.klima-agence.lu/de/fachveranstaltung-wp

Dës Formatioun riicht sech un Installateuren, Energieberoder, Architekten, Acteuren aus dem Konstruktiounssecteur souwéi un d’technesch Personal aus de Gemengen. Fir d’Participanten aus dem ëffentlechen Secteur kann d’Veranstaltung als INAP-Formatioun unerkannt ginn

Anhänge


Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert