Home > Unkategorisiert > Amazônia eterna

Amazônia eterna
Kino an der Gemeng Bauschelt

Am Kader vum regionale Klimapakt Öewersauer an an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Bauschelt invitéiert d‘regionaalt Klimateam op d’Filmvirféierung op grousser Leinwand vum brasilianeschen Dokumentarfilm „Amazônia eterna“ (Ënnertitel op Englesch) am Festsall zu Bauschelt.
Wéini?
27/11/2015 um 19h30
Entrée?
Gratis

De Film weist wéi wichteg den Amazonas-Reebësch mat sengem enorme Bestand un natierleche Ressource fir d’Liewen op der Äerd ka sinn. Unhand vun verschiddenen, nohaltege Projeten am Aklang mat Mënsch an Natur gëtt gewisen, wéi den ökonomesche Modell vun der „Green Economy“ kann funktionéieren.
Nom Film fënnt eng Diskussioun iwwert Thema „Green Economy“ statt. D’Diskussioun gëtt vun zwee Experte vum CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg) geleet. Déi zwee Diskussiounsriedner sinn Experten op de Gebidder vun der Anthropologie an der Ökonomie.